Den Institut

Den Institut grand-ducal gouf 1868 gegrënnt, virun allem op Aleedung vum Prënz Henri, Brudder vum Wëllen III., Groussherzog a Kinnek vun den Nidderlanden. Dësen Institut ass aus dem Zesummeschloss vun deenen dräi wëssenschaftleche Societéiten entstanen, déi et schonn zu Lëtzebuerg gouf, nämlech: d'Lëtzebuerger Societéit fir Archeologie (1845 gegrënnt), d'Lëtzebuerger Societéit fir Naturwëssenschaften (1850 gegrënnt) an d'Lëtzebuerger Societéit fir medizinesch Wëssenschaften (1862 gegrënnt). Dës Societéiten goufen dann "Sektiounen". Zu deenen dräi Sektioune vum Joer 1868 koumen dräi aner Sektiounen an den nächste Joer bäi, nämlech: d'Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik (1935 gegrënnt); d'Sektioun fir Konscht a Literatur (1962 gegrënnt) an d'Sektioun fir moralesch a politesch Wëssenschaften (1966 gegrënnt).

Den Ament setzt sech den Institut Grand-ducal aus deene folgende Sektiounen zesummen:

  • Sektioun fir Geschicht,
  • Sektioun fir Naturwëssenschaften, Physik a Mathematik,
  • Sektioun fir medizinesch Wëssenschaften,
  • Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik,
  • Sektioun fir Konscht a Literatur
  • Sektioun fir moralesch a politesch Wëssenschaften.

Aktualiséiert